 |
 |
De
Jean Laurent as Sexualpsycholog , attacheierte Member
vum Institut de Sexologie fu Pareis. Hien as President
fun der Association Sexologie de l'Est, eng offiziel
unerkannten Association fir d' Weiderbildung fun
de Fachspezialisten fir d' Gesondheetswiesen.

"Wann
een an sengem erotesche Liewen eng Onzefriddenheet
empfend, wann een geint e Mangel un Erotismus well
wirken, oder wann een net ouni Plaiseier well bleiwen,
kann et noutwendeg sin iwert seng Sexualiteit ze
schwetzen." Esou dreckt sech de Jean Laurent
aus, iwert eng Art vun Exclusiooun wou der meschtens
net mat aneren schwaetzt, oder wou een an den Zeitungen
driwer liest, welch awer een Therapeut net kennen
arsetzen.
"Ech
stellen mech speziel op all betreffend Persoun oder
Koppel an, dei bei mech kennt, fir dann hier individuel
Geschicht ze verstoen. Et get keng Rezepter fir Symptomer
ze behandelen, ke generellen mode d'emploi, mae eng
individuel Berodung."

"Wann
een engem erklaert, mat engem schwetzt deen nolauschtert,
dann get een sech op d' Sich fir eng nei sophistikeiert
Sexualiteit ze initieren. Op dei Manier kennen geheim
Diiren opgemach gin, et get een mei exigent mat sengen
Fantasie - Virstellungen, an et kann een an senger
Sexualitaet evolueren. Et get awer keen Allgemengtmettel..."
|
 |
 |